Museum Glockengießerei Mabilon

Staden 130
54439 Saarburg

Telefon: +49 6581 2336

Mail

 

Öffnungszeiten

Mo-Fr 09.00-17.00 Uhr

So/Feiertag 11.00-17.00 Uhr

 

geschlossen

samstags bis 23.03.2024

vom 23.12.-26.12.24

vom 30.12.24-01.01.25

 

Über uns

 

Anfahrt

 

Newsletter abonnieren

Fridden sollen se lauden

E Besuch an der aler Klackegéisserei Mabilon

Ee vun deenen eelsten Konschthandwierker an e Gutt aus eiser chrëschtlecher Kultur gouf seit 1770 zu Saarbuerg ausgeübt an hirgestallt: de Goss vun enger Klack.

Seit 2003 gi keng Klacke méi gegoss an dach schéngt et, wéi wann d’Meeschter an d’Mataarbechter nëmmen eng kleng Paus génge maachen! An esou soll et bleiwen. Den eenzege Klackegéissereimusée an Däitschland ass souwuel vu sénger Lag um Rand vun der historescher Alstad vu Saarbuerg als och vu sengem erhalenen Zoustand hier, en eemolegen Zeien vun eiser Geschicht. Déi eelsten nach erhale Klack aus der Klackegéisserfamill Mabilon gouf 1639 gegoss a befennt sech zu Calle bei Meschede.  

Wa vun de Kierchentierm a Kapellen a Stad a Land d’Klacke lauden, da si wéineg Leit sech bewosst wéivill Geschéckerlechkeet, Méi a Suergfalt de Goss vun enger Klack erfuerdert. Nëmmen nach e puer Meeschter verstinn haut waat daat Handwierk bedeit. Et si Klackegéisserfamiljen mat enger jorhonnertenaler Traditioun, déi hir Konscht vu Generatioun zu Generatioun als gutt behiddent Geheimnis weidergin hun. Mat Recht gëtt de Beruff vum Klackegéisser als een vun deene seelensten an alterswierdegsten bezeechent, deem de groussen däitschen Dichter Friedrich Schiller a séngem Gedicht „Das Lied von der Glocke“ en eemolegt Denkmal gesaat huet an deen haut nach vu wéinege Meeschter ausgeübt gëtt. 

D’Berechnung vum Klackentoun

Di héich Aufgab a grouss Konscht vun der Hirstellung vun enger Klack leien am genauen Erreechen vum verlaangten Haapttoun mat séngen gesetzméissegen  Niewentéin. Dofir ass net onbedéngt d’Zesummesetzung vum Gossmetall verantwortlech mee vill méi d’Klackeprofil, d.h. daat richtecht Verhältnis vun Héicht, Ëmfang a Wandstärkt. Erstaunlech ass et, dass dëst Verhältnis méi op erpréiften Erfahrungen wéi op wëssenschaftlechen Berechnunge berout.

Daat sou wichtecht Profil kritt d’Klack duerch eng Holzschabloun. D’Zeechnen vun dësem Profil ass verständlecherweis Meeschtersaach, well heiran lait de Grondsteen fir d’Geléngen vun der Klack.

D’Fabrikatioun vun der Klackeform

Fir d’éischt gëtt aus hallefronnen Zillen de Kär gemauert a mat Leem bestrach. De Klackegéisser gëtt dobäi, mat der schon erwähnter Schabloun, dem Kär déi Gestalt, déi d’Klack bannen soll hun. Gedrechent gëtt de Kär  duerch e Feier waat a séngem Banneraum entfacht gëtt. Dann droen d’Klackegéisser, déi meeschtefalls qualifizéiert a langjährech ageschafften Aarbeschter sin, déi zweet Leemschicht op a formen mat Hëllef vun der mettlerweil ausgeschniddener Schabloun d’Modellklack, déi sougenannte „falsch Klack“. Doriwwer gëtt dann, erëm aus Leem, de Klackemantel opgedroon. Nodeems déi dräi Deeler vollstännech ausgedrechent sin, gëtt de Klackemantel eropgezun, di „falsch Klack“ gëtt virsiichtech zerschloen a schlussendlech gëtt de Mantel iwwert de Kär gezunn. Dëst geet ouni grouss Schwieregkeeten well firdrun, tëchent déi eenzel Deeler, eng Graphit- oder Wuesschicht opgedroe gouf. 

Do wou am Ufank di „falsch Klack“ war, ass elo en Huelraum, an dee spéider flessegt Metall gegoss gëtt. 

Déi ganz Aarbecht ass natierlech vill méi ustrengend an zäitintensiv, wéi mer se hei der Verständnis halber erziele kënnen: De Leem muss speziell virbereed gin, d’Opdroen vum Leem geschitt an eenzelne Schichten, déi ëmmer rëm dréchene mussen, zum Deel muss d’Haldbarkeet vum Leem duerch d’Aleeën vun Hanffiedem verlängert gin.

Inscriptiounen, Ornamenter a Biller, déi di fäerdeg Klack décoréieren, gin als Spigelbild aus Beiewuess op di „falsch Klack“ gepecht an prägen sech esou an de Klackemantel. Duerno sin se dann op der fäerdeger Klack liesbar.

Déi sou enstane Klackeform aus Leem gëtt dann am Géisslach fest an de Buedem agegruewen, sou dass den agefléissten Äerz d’Form net sprengt. Wann d’Form dann festgemauert am Buedem steet, schmëlzt am Uewen schons d’Bronze, déi aus 78 Deeler Koffer an 22 Deeler Zënn besteet.

Den eigentleche Goss vun der Klack

De Goss selwer ass e wierdegen an ergräifenden Akt. Ronderëm d’Géisslach versammelen sech de Geeschtlechen, deen d’Klack bestallt huet, mat enger Unzuel vun Gemengememberen. Uewen am Kamäin brennt, seit ëmmer schon a bei all Goss, niewent der Statue vum hellege Josef, eng Käerz.

Déi wierdech Rou an dee luesen Toun an deem d’Uerder gi gin vermëttelen schon en däitlechen Androck vun der Atmosphäre an däer d’Klacken demnächst hiren Déngscht leeschte werten.

Mëttlerweil hun d’Gesellen op der Géissgruef hir Plaz ageholl. Aus Leem gemauert Kulangen a Kanäler féieren vum Oflaf vum Uewen zu den eenzelnen Klackeformen. Elo ass alles fir de Goss virbereed. An der Rou vun engem hallefdonkele Raum erkléngt elo e kuerzt Gebiet, gesprach vum Geeschtlechen a vum Klackegéissermeeschter: „Gott möge das von Menschenhand und Menschengeist vorbereitete Werk durch ein Gelingen dës Gusses segnen.“ Dann stéisst  de Meeschter mat de Wierder: „In Gottes Namen“ den Stopp eraus, an eng gliddeg wäiss Mass sicht sech spruddelend an zischend hire Wee zu de Klackeformen am Erdenneren. Mat gedamer Stëmm gëtt de Meeschter déi noutwenneg Uerder u séng Mataarbechter. Zischend, mat enger blo-grénger Flam entkënnt d’Loft duerch Päifen aus de Formen. An e puer wéinegen Minutten ass de Klackegoss eriwwer. E blubberenden Toun gëtt un, dass do, wou virdrun di „falsch Klack“ war, daat flëssegt Metall d’Form ausgefëllt huet. E Gebiet an e Moment vun der Rou schléissen de Goss of, dee wierklech en eemolegt Erliewnis ass! 

D'Gebuert vun der Klack

Et dauert e puer Deech bis d’Formen souwait ofgekillt sin, dass d’Klacken aus hirer Form kënne geschloe gin.

Wann d’Klack dann ervirkennt, gesäit se nach schwaarz an ellen aus, mee no enger kuerzer Botz mat Sand a Waasser kritt se hire schéinen, sëlwerhellen Glanz. Dann gëtt „Köppel“ fest gemaach an d’Klack ass fäerdeg fir de Montage op hirem  Bestëmmungsuert.

Virdrun gëtt et nach eng Prüfung duerch e Klackenexpert, fir festzestellen ob den erwënschten Toun och richteg an reng kléngt, fir dass d’Wierk de Meeschter an och séng Geselle luewt. 

Druckversion | Sitemap
© Museum Glockengießerei Mabilon