Fridden sollen se lauden
E Besuch an der aler Klackegéisserei Mabilon
Ee vun deenen eelsten Konschthandwierker an e Gutt aus eiser chrëschtlecher Kultur gouf seit 1770 zu Saarbuerg ausgeübt an hirgestallt: de Goss vun enger Klack.
Seit 2003 gi keng Klacke méi gegoss an dach schéngt et, wéi wann d’Meeschter an d’Mataarbechter nëmmen eng kleng Paus génge maachen! An esou soll et bleiwen. Den eenzege Klackegéissereimusée an Däitschland ass souwuel vu sénger Lag um Rand vun der historescher Alstad vu Saarbuerg als och vu sengem erhalenen Zoustand hier, en eemolegen Zeien vun eiser Geschicht. Déi eelsten nach erhale Klack aus der Klackegéisserfamill Mabilon gouf 1639 gegoss a befennt sech zu Calle bei Meschede.
Wa vun de Kierchentierm a Kapellen a Stad a Land d’Klacke lauden, da si wéineg Leit sech bewosst wéivill Geschéckerlechkeet, Méi a Suergfalt de Goss vun enger Klack erfuerdert. Nëmmen nach e puer Meeschter verstinn haut waat daat Handwierk bedeit. Et si Klackegéisserfamiljen mat enger jorhonnertenaler Traditioun, déi hir Konscht vu Generatioun zu Generatioun als gutt behiddent Geheimnis weidergin hun. Mat Recht gëtt de Beruff vum Klackegéisser als een vun deene seelensten an alterswierdegsten bezeechent, deem de groussen däitschen Dichter Friedrich Schiller a séngem Gedicht „Das Lied von der Glocke“ en eemolegt Denkmal gesaat huet an deen haut nach vu wéinege Meeschter ausgeübt gëtt.